NewsMat iwwer 170 km/h duerch den Tunnel Grouft geblëtzt

Een Automobilist gouf mat iwwer 170 km/h duerch den Tunnel Grouft op der A7 geblëtzt. De Chauffer ass geflücht. D'Police hat en Zeienopruff lancéiert.

Leschten Update: 11.06.2019, 14:20:57

© Eldoradio

Wärend enger Radarkontroll de Méindeg de Mëtten op der A7 hunn d’Beamten een Automobilist geblëtzt, dee mat iwwer 170 km/h duerch den Tunnel Grouft a Richtung Stad gerannt ass. Trotz Stopp-Zeeche ass de Chauffer net stoe bliwwen a mat héijer Vitess weider gefuer.

Et gouf eng Course-Poursuite bis op d’A1 a Richtung Rondpoint Irgäertchen. D’Beamte konnten kuerz virum Tunnel Cents eng Kollisioun mat engem aneren Auto net méi verhënneren. U béid Autoen ass Materialschued entstanen. Blesséiert gouf keen.

An deem Zesummenhang hat d’Police no eventuellen Zeie gesicht, fir de flüchtege Won erëm ze fannen.

Wéi d'Police en Dënschdeg de Mueren op Twitter schreift, sinn aus der Bevëlkerung Indicen agaangen. Duerch déi konnt een de Chauffer ermëttelen. Weider heescht et, dat eng strofrechtlech Poursuite an d'Weeër geleet gouf.