NewsAmazon ass wäertvollste Mark weltwäit

D'US-Online-Entreprise Amazon ass der Analys vum Institut Kantar no déi wäertvollste Mark weltwäit.

Leschten Update: 11.06.2019, 12:04:29

© DENIS CHARLET / AFP

Domat huet den Online-Händler d'Internetris Google iwwerholl an huet elo e Maartwäert vun 315 Milliarden Dollar. Dat sinn ëmgerechent 278 Milliarden Euro.

Google fält domat op déi 3. Plaz, op Plaz 2 bleift Apple mat engem Wäert vun 309,5 Milliarden Dollar.

Duerno komme Microsoft, Visa a Facebook.