NewsSprangprëssessioun um Péngschtdënschdeg zu Iechternach

Um Péngschtdënschdeg, den 11. Juni ass déi traditionell Sprangprëssessioun zu Iechternach.

Leschten Update: 11.06.2019, 12:35:50

© Eldo

Och dëst Joer goufen sech erëm ronn 10'000 Spectateuren a Sprénger erwaart. Ëm 9.30 Auer ass d'Prëssessioun du lassgaangen.

Wéinst dem groussen Undrang sollt een dann och déi gratis Busnavette benotzen, déi fueren nach bis 16.00 Auer vum Parking beim Iechternacher Séi bis an den Zentrum.

© Eldo


Schonn am Virfeld gouf jo vill iwwer d'Sprangprëssessioun dëst Joer diskutéiert, dat well den 11. Juni net an eng Vakanz fält. Schüler hunn deemno net automatesch fräi. Den Educatiounsministère hat awer gesot, dass all Schüler, dee wëllt un der Pressessioun deelhuelen, dat kann och maachen. Dofir muss awer eng schrëftlech Excuse virleien.

Zanter 2010 gehéiert d'Sprangprëssessioun zum immateriellen UNESCO-Kulturierwen.