NewsPresuméierten Déif no Abroch an der Stad ermëttelt

De Mann war an der Stad agebrach, huet Boergeld an eng Kreditkaart geklaut a méi spéit och 3 mol domat bezuelt ier en am Garer Quartier gepëtzt konnt ginn.

Leschten Update: 11.06.2019, 14:26:05

© Pixabay

Tëscht de Sonndeg de Mëtteg an de Méindeg de Muere war en Abriecher an en Haus an der Rue du Verger an der Stad agebrach an huet do Boergeld an eng Kreditkaart aus dem Portmonni vun der Bewunnerin geklaut.

Mat der Kaart gouf duerno direkt 3 Mol per Kontaktfunktioun bezuelt.

Am Laf vun den Ermëttlunge konnt de Verdächtegen Abriecher dunn identifizéiert ginn, dee kuerz drop beim Drogenhëllefszenter an der Route de Thionville am Garer Quartier gepëtzt konnt ginn.