NewsAutoen zu Klierf muttwëlleg beschiedegt

Op der Promenade de la Clerve zu Klierf goufe vun e Sonndeg op e Méindeg Autoe beschiedegt. Wien eppes gesinn huet, soll sech bei der Police mellen.

Leschten Update: 11.06.2019, 18:40:10

© Eldoradio

Wéi d'Police en Dënschdeg matdeelt, si vum 9. op den 10. Juni, tëscht 22.00 Auer a 14.00 Auer, direkt 3 Gefierer beschiedegt ginn. D'Pneue vun den Autoe goufen hei zerpickt. Persounen, déi eppes gesinn hunn, solle sech bei der Police vun Ëlwen mellen. Den Nummer hei ass den 244871000 oder nëtzlech Indicen direkt dem 113 mellen.

Donieft mellt d'Police eng Partie Déifstall op Chantieren an Abréch a Firmegebaier uechtert d'Land. An der Éilerenger Strooss, am Véierel Nonnewisen zu Esch an och an der Meespelter Strooss zu Keespelt goufe Baumaterial an och Maschinne vu Chantiere geklaut.

Tëscht dem 10. an 11. Juni ass dann och an der Grand-Rue zu Wäisswampech an e Firmegebai agebrach ginn. Wéi d'Police schreift, sinn déi presuméiert Täter duerch d'Fënster geklommen an hunn d'Entréesdier a weider Dieren am Gebai beschiedegt. Ob eppes geklaut gouf, ass nach net gewosst. Tëscht dem 7. Juni an 11. Juni gouf och an eng Ariichtung an der Lëtzebuerger Strooss zu Märel agebrach.