NewsLëtzebuerg-Sandweiler-Konter: Zuchverkéier op 2 Gleiser

Laang hunn d'Aarbechte gedauert, elo sinn dës ofgeschloss ginn. En Dënschdeg hunn d'CFL de moderniséierten Arrêt Sandweiler-Konter ageweit.

Leschten Update: 11.06.2019, 20:18:57

© Eldoradio Archiv

Zesumme mam Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte François Bausch, hunn d'CFL en Dënschdeg den neien Tronçon tëscht der Stater Gare an dem Arrêt Sandweiler-Konter ageweit.

Wéi et aus dem Schreiwes vun den CFL ervirgeet, goufen eng Partie Aarbechte mat Succès ofgeschloss. Ënnert anerem ass d'Schinnenetz op zwee Gleiser ausgebaut ginn.

Mat dësem Ausbau wëll een d'Capacitéite vun de Linnen 30 Richtung Tréier an 10 Richtung Ëlwen erhéijen. Um Arrêt Sandweiler-Konter ass de Parking iwwerdeems vergréissert ginn.

PDF / Hei d'Schreiwes mam kompletten Detail.