News152 Mio Kanner musse schaffen

Der UNICEF no mussen d'Ursaache vu Kanneraarbecht méi staark bekämpft ginn.

Leschten Update: 12.06.2019, 08:03:06

© AMOS GUMULIRA / AFP

Kanneraarbecht zerstéiert de Kanner hir Kandheet an hir Zukunftschancen. Trotzdeem mussen dem Kannerhëllefswierk UNICEF no weltwäit nach ëmmer 152 Millioune Meedercher a Jonge schaffe fir dozou bäizedroen dass hir Familljen iwwerliewen. Dat ass bal all zéngt Kand op der Welt. Och seet d’UNICEF dass bal d’Halschent vun hinnen, also iwwer 70 Millioune Kanner ënner geféierlechen an ausbeutereschen Aarbechtskonditioune leiden.

Dem UNICEF-Chef vun Däitschland no géif et net duergoe Kanneraarbecht ze veruerteelen an ze verbidden, fir Kanner wierksam virun Ausbeutung ze schützen, missten sech d’Liewenskonditioune vun de betraffene Kanner änneren. An dofir missten d’Kanner déi gezwonge sinn ze schaffen, aus hirer Lag befreit ginn an et misst méi an d’Bildung investéiert mee och a fair Aarbechtsméiglechkeete gi fir Eltere wéi och méi Investitiounen an déi gesondheetlech a sozial Systemer. Nieft de Regierungen droen dofir och Entreprisen eng grouss gesellschaftlech Responsabilitéit, déi iwwert ee strikt Verbuet vu Kanneraarbecht an hirer globaler Liwwerketten erausgeet.

An de leschte Joerzéngten ass d’Zuel vun de Kanner déi schaffen awer staark erofgaangen. Tëscht 2000 an 2016 ass d‘Zuel vun 246 Millioune Kanner op 152 Milliounen zeréckgaangen. De Réckgang ass an de leschte Joren awer nees méi lues ginn, warnt d’UNICEF. Wann de Fortschrëtt an deem aktuellen Tempo virugeet, wäerten och am Joer 2025, 121 Millioune Meedercher a Jonge vu Kanneraarbecht betraff sinn. Bis dohi wollt een u sech Kanneraarbecht komplett ofschafen.  

Déi meescht betraffe Kanner liewen deemno an Afrika an an Asien. Iwwer 70 Prozent schaffen am Beräich vun der Landwirtschaft. Si schaffe fir Export-Produiten déi mir an den Industriestaate kafe kënnen. Am Fokus steet virun allem Kanneraarbecht déi geféierlech an ausbeuteresch ass wéi z.B. Aarbecht op Kottengsfelder.