NewsD'Welt ass e bësse méi friddlech ginn

Dem "Global Peace Index" no ass d'Welt zënter 2013 e bësse méi friddlech ginn.

Leschten Update: 12.06.2019, 08:11:01

© pexels.com / Josh Sorenson

Trotz aller Gewalt a Konflikter ass d’Welt eng éischte Kéier zënter 2013 e bësse méi friddlech ginn. Dat geet aus dem Global Peace Index ervir, deen e Mëttwoch zu London publizéiert gouf.

D’Etüd bewäert all Joers d’Lag an iwwer 160 Länner op der Welt. Dat unhand vu Kritäre wéi Krich, Terrorismus, Police-Gewalt a Waffen-Exporter.

Der Etüd no huet sech d’Situatioun d’lescht Joer virun allem an der Ukrain, a Syrien an am Irak stabiliséiert. Syrien ass eng éischte Kéier zënter e puer Joer net méi dat Land mam geréngste Mooss u Fridden. Dës Plaz hëlt elo den Afghanistan an. Am Nicaragua, an der Tierkei an am Jemen ass d'Lag méi schlecht ginn.

Europa ass nach ëmmer déi friddlechst Regioun vun der Welt. Virun allem huet dozou bäigedroen dat et d'lescht Joer manner Terroruschléi goufen. Och d'Zuel vun de Mënschen, déi als Flüchtlingen Schutz an Europa gesicht hunn, ass zeréckgaangen.

Links