NewsEenheetlech Reegelen an Europa fir Dronen

All EU-Land huet eege Reegele fir de Betrib vun Dronen. Vun 2020 u sollen iwwerall an der EU déi selwecht Reegele gëllen.

Leschten Update: 12.06.2019, 11:31:52

© SAID KHATIB / AFP

No Stéierunge vum Fluchbetrib op verschidde Fluchhäfen an de leschte Méint ginn d’Reegele fir Dronen europawäit vereenheetlecht. Déi zoustänneg europäesch Agence fir Fluchsécherheet huet nei Bestëmmunge publizéiert, déi bis Juni 2020 an all Land an nationaalt Recht ëmgesat musse ginn.

Déi national Reegelen, déi et bis ewell fir de Betrib vun Drone gouf, ënnerscheeden sech nämlech vu Land zu Land. Si mussen elo also deelweis ugepasst a geännert ginn. Mat der sou genannter EU-Duerchféierungs-Direktive gëtt dann elo villes fir all Memberland eenheetlech gereegelt. Ënner anerem wéini eng besonnesch Betribsgeneemegung noutwenneg ass, oder a wéi enge Fäll ee Mindestalter vum Drone-Pilot erfuerderlech ass.  

Ausserdeem muss eng Dron kloer identifizéierbar sinn, fir dat d’Autoritéiten eng eenzel Dron zeréck-verfollege kënnen, wann dat noutwenneg ass. Dat soll hëllefen Tëschefäll wéi virun e puer Méint op de Londoner Fluchhäfe Gatwick an Heathrow ze verhënneren. Do hat de Fluchbetrib wéinst Drone stonnelaang missen agestallt ginn.

Fir Hobby-Pilote besonnesch interessant sinn d’Reegele fir déi oppen Drone-Kategorie. Dat ass déi fir déi keng speziell Geneemegung noutwenneg ass. Hei gëtt z.B. virgeschriwwen, dass d’Dron an der Reegel net méi héich wéi 120 Meter iwwert dem Buedem an net iwwer Mënschen-Usammlunge fléien dierf.

Der Agence no hätte souwuel kommerziell Notzer wéi och Privatleit duerch déi nei eenheetlech Reegelen an Zukunft eng kloer Virstellung, wat erlaabt wier a wat net. Notzer kéinten hir Dronen an all den EU-Staaten no de selwechte Reegelen asetzen, dat ass och fir Entreprise wichteg, déi Dronen an hirem Geschäftsmodell integréiert hunn.

Links