News Italien: Wie Flüchtlinge rett, soll bezuelen

Italien huet schonn dacks Schlagzeile gemaach, wa si am Mëttelmier gerett Flüchtlingen net ophuele wollten. Elo wëll ee mat héije Geldstrofen ofschrecken.

Leschten Update: 12.06.2019, 08:46:39

© Matthew Mirabelli / AFP

Déi italienesch Regierung wëll verstäerkt géint Rettungsschëffer virgoen, déi Flüchtlingen aus dem Mëttelmier retten an an italienesch Gewässer fueren. De Ministerrot huet en Dënschdeg sou engem Dekret zougestëmmt. Kapitänen a Besëtzer vu Schëffer musse mat enger Strof tëscht 10.000 a 50.000 Euro rechnen, sollte si trotz Verbuet an italienesch Gewässer fueren.