1 Joer duernoAarbechten no Onwiedere gutt viru komm

Gutt ee Joer no de schwéieren Onwiederen am Mëllerdall ass de Mëttwoch de Bilan vun de Renovatiounsaarbechte presentéiert ginn.

Leschten Update: 13.06.2019, 04:16:19

© Eldo

"D’Aarbechte si gutt viru komm" - dat soten déi Responsabel, dorënner d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, de Buergermeeschter vu Bäerdref Joe Nilles an déi verschidde concernéiert Administratiounen, e Mëttwoch virun der Press.

Lauschtert eran!


Aplaz 8 sinn 11 Milliounen Euro a Renovatiounsaarbechte gestach ginn

An der Nuecht vum 31. Mee op den 1. Juni 2018 wiere grouss Schied entstanen, déi nach méi grouss Auswierkungen op de Verkéier haten, esou de Joe Nilles. Verschidden Uertschafte wiere komplett vum Recht vum Land ofgeschnidde gewiescht, well d’Passagen duerch d’Iwwerschwemmungen net méi accessibel waren. Aplaz vun de geplangten 8 si mëttlerweil 11 Milliounen Euro an d'Renovatiounsaarbechte gefloss. Vun der Stroossebauverwaltung war et d’Nouvelle, datt vun den 19 grousse Chantieren der 16 mëttlerweil ofgeschloss konnte ginn, déi lescht 3 Tronçone géifen da Mëtt Juli, also nach virum Kollektivcongé, fäerdeg ginn. Den CR 364 Richtung Bäerdref ass jo zënter Ufank Juni och nees accessibel.
© Powerpoint MMTP/P&Ch

© Powerpoint MMTP/P&Ch

© Powerpoint MMTP/P&Ch

Stroossen, Wanderweeër a Baachen nees opbauen

Och d’Bëschverwaltung huet gréisser Aarbechte missten duerchféieren. Vill Wanderweeër goufen hei zerstéiert, vill Weeër an Häng hu misste stabiliséiert ginn. Am Ganzen hu 97 Dossiere missten traitéiert ginn, am meeschte betraff waren d’Gemenge Bäerdref, Beefort, Iechternach a Konsdref. An de Volet vun der Waasserverwaltung ass d’Restauratioun vun de Waasserleef gefall, hei sinn och hydraulesch Verbesserunge gemaach ginn. Fir d'Waasserverwaltung waren et 60 Interventiounen, verschidde Projete sinn nach am gaangen. Ënnert anerem gouf iwwer 5 Tonne Plastiksknascht ugespullt.
© Powerpoint MECDD/Bëschverwaltung

© Powerpoint MECDD/Waasserverwaltung

Erkenntnesser sammelen a Leit geziilt warnen

D’Ëmweltministesch huet eng sougenannten "Starkreen-Strategie" annoncéiert, déi an de Klimapakt 2.0 afléisse soll. Leit solle geziilt gewarnt ginn, esou d'Carole Dieschbourg weider. Hei ginn elo Erkenntnisser gesammelt, Etüde gemaach, fir dat esou effikass wéi méiglech ëmzesetzen. Domat d'Leit besser kënnen agebonne ginn an een esou vill Informatioune wéi méiglech kritt, ass de Site www.flashfloods.lu an d'Liewe geruff ginn. Betraffe Leit kënnen hei hir Donnéeën eraschécken. Dofir muss e Questionnaire ausgefëllt ginn.

LINK / Hei gëtt et d'Powerpoint mam kompletten Detail!