NewsMörsergranat tëscht Eeselbur a Wäicherdang fonnt

An engem Feld war den Dënschdeg am Nomëtteg eng Granat aus dem 2. Weltkrich fonnt ginn. De Service de Deminage vun der Arméi konnt d'Granat entsuergen.

Leschten Update: 12.06.2019, 12:47:26

© dpa-AFP-Archiv-Monika Skolimowska

Den Dënschdeg am Nomëtteg war bei Aarbechten op engem Feld tëscht Eeselbur a Wäicherdang eng Mörsergranat aus dem 2. Weltkrich fonnt ginn. D'Experte vum Service de Deminage goufen dorops hin ugefuerdert an d'Granat konnt fachgerecht geraumt ginn.

An deem Kontext weist d'Police nach emol dorop hin, dass ee Munitioun, déi ee fënnt ni sollt upaken. Dat och net, wann een sech net sécher ass, ëm wat et sech handelt. Et sollt een op all Fall d'Police ruffen a wa méiglech d'Plaz ofsécheren, bis déi zoustänneg Servicer op der Plaz sinn.