NewsFra iwwerrascht 2 Abriecher a Wunneng an der Stad

Eng Fra hat de Mëttwoch an der Nuecht an hirem Haus 2 Abriecher erwëscht. Si konnt sech dobaussen a Sécherheet bréngen.

Leschten Update: 12.06.2019, 14:52:38

© Pixabay

De Mëttwoch an der Nuecht géint 1.45 Auer hat eng Bewunnerin an der Rue Michel Rodange an der Stad e Geräisch héieren. Wéi si wollt nokucken huet si zwou onbekannte Persounen am éischte Stack vun hirem Haus entdeckt.

D'Fra ass no bausse geflücht an huet d'Police geruff. Béid Abriecher konnten sech duerch d'Bascht maachen.

D'Spuresécherung war op der Plaz an d'Ermëttlunge lafen.