NewsJeff Saibene gëtt neien Trainer beim FC Ingolstadt

De 50 Joer ale Lëtzebuerger Jeff Saibene gëtt den Nofolger vum Thomas Oral beim däitsche FC Ingolstadt.

Leschten Update: 13.06.2019, 04:16:10

© ADRIAN DENNIS / AFP

De Lëtzebuerger Jeff Saibene gëtt neien Trainer beim däitsche FC Ingolstadt aus der drëtter Liga. Dat huet de Veräin e Mëttwoch matgedeelt.

De 50-Järegen huet e Kontrakt bis 2021 ënnerschriwwen. Nächste Mëttwoch ass da säin éischten Dag als neien Trainer vum Club.

Leschten Dezember war de Saibene als Trainer bei Arminia Bielefeld entlooss ginn.