NewsÉischt Evaluatioun no Reform vu Staatsexamen

No der Reform vum Staatsexamen huet den zoustännege Minister Marc Hansen eng éischt Evaluatioun vun de Resultater gemaach.

Leschten Update: 12.06.2019, 18:04:57

© Pixabay

6.698 Kandidaten hunn un den dräi éischte Sessioune vum neie Staatsexamen deelgeholl. Den Taux de Reussite ass enger éischter Evaluatioun no méi héich, wéi dat virdrun de Fall war.

Dat huet de Minister fir d'Fonction publique Marc Hansen den Deputéierte vun der zoustänneger Chamberskommissioun e Mëttwoch matgedeelt. Et wier aktuell awer nach ze fréi, den definitive Bilan ze zéien, dësen ass fir 2020 geplangt, esou de Minister weider.

Aktuell kéint een awer soen, datt den Taux de Reussite tëscht der éischter Sessioun (70%-80%) am Juli 2018 an der drëtter Sessioun (45%-50%) am Fréijoer 2019 variéiert. Mat der Reform vum 1. Juni 2018 goufe jo ënnert anerem d'Selektiounskritären ugepasst an d'Kandidate maachen de Staatsexamen elo um Computer.


LINK / Hei den Detail um Site vun der Chamber.