NewsFuerschüler op Motorrad gëtt schwéier blesséiert

E Mëttwochmuere war e Motorradsfuerer mat sengem Fahrlehrer ënnerwee,wéi hien un d'Rutsche koum an am Gruef gelant ass. 

Leschten Update: 12.06.2019, 18:10:00

© Police

E Mëttwoch géint 10.25 Auer ass e Motorradsfuerer, dee mat sengem Fahrlehrer op der Route de Peppange zu Beetebuerg ënnerwee war, accidentéiert.

De Motocyclist war mat sengem Fahrlehrer a Richtung Peppeng ënnerwee, wéi hien op naasser Fuerbunn gerutscht ass, e Potto ze pake krut an am Gruef gelant ass.

Wéi d'Police schreift gouf hie schwéier blesséiert. No enger Éischtversuergung op der Plaz, koum hien an d'Spidol.
© Police