NewsChauffer iwwersäit 2 Persounen op Zebrasträif

E Chauffer hat zwou Foussgängerinnen ze spéit gesinn an huet eng liicht ugestouss. Dës ass op déi aner Fra gefall, béid si liicht blesséiert ginn.

Leschten Update: 12.06.2019, 18:13:02

© Eldoradio

Op der Kräizung vun der Paräisser Plaz mat der Rue d'Anvers an der Stad ass géint 12.40 Auer e Mëttwoch eng Foussgängerin ugestouss ginn.

Wéi zwou jonk Fraen iwwert den Zebrasträife gaange sinn, huet en Automobilist béid iwwersinn. Trotz Vollbremsung krut de Chauffer eng Fra ze paken.

Dës ass op déi zweet Foussgängerin gefall, woubäi déi zweet op de Buedem gefall ass. Béid Frae si liicht blesséiert ginn.