NewsJ. Asselborn no 9 Deeg Intensivstatioun nees doheem

Wéi RTL e Mëttwoch gemellt huet, soll den Ausseminister Jean Asselborn nees doheem sinn. Hie louch 9 Deeg op der Intensivstatioun.

Leschten Update: 13.06.2019, 04:16:01

© JOHN THYS / AFP

Wéi d'Kollege vun RTL mellen, soll den Ausseminister Jean Asselborn no 9 Deeg Intensivstatioun zënter e Mëttwoch nees doheem sinn.

Wéinst gesondheetleche Problemer hat den Ausseminister all seng Rendezvousen zu Lëtzebuerg an am Ausland mussen ofsoen, dat bis de 16. Juni inclus. Esou hat et den Ausseministère Ufank Juni matgedeelt. RTL no war de Minister onglécklech gefall.

Weider wéilt de Jean Asselborn elo schonn dëse Sonndeg bei enger Reunioun vun de Benelux-Ausseministeren dobäi sinn.