NewsEtüd zu Famillje-Frëndlechkeet: Lëtzebuerg op Plaz 9

D'UNICEF huet gekuckt wéi ee Land vun 41 räiche Länner, am Famillje-frëndlechsten ass. Lëtzebuerg kënnt op Plaz 9 vun 41 Länner.

Leschten Update: 13.06.2019, 05:06:13

© JUAN MABROMATA / AFP

D’Kannerhëllefswierk UNICEF huet eng Etüd iwwer d‘Famillje-Frëndlechkeet an den 41 räichste Länner vun der Welt publizéiert.

Un der Spëtzt steet deemno Schweden. Lëtzebuerg läit op der 9ter Plaz. Um Enn vum Ranking fënnt een d’USA. An den Top Ten fënnt een ënner anerem och Norwegen, Island, Estland, Portugal, Däitschland, Dänemark, a Slowenien.

D’Kannerhëllefswierk huet Facteure wéi bezuelte Pappen- a Mammecongé opgelëscht.

D'UNICEF fuerdert eng bezuelten Elterenzäit vun op d'mannst 6 Méint. Well déi éischt Liewensjoren déi wichtegst wieren, misst et eng héichwäerteg Kannerbetreiung vun der Gebuert u ginn, bis dat d’Kand an d’Schoul geet, esou d'UNICEF.  

 

Links