NewsMiersch-Biissen: Chauffer verléiert Kontroll iwwert säi Won

Tëscht Miersch a Biissen hat ee Chauffer e Mëttwoch den Owend d'Kontroll iwwert säi Won verluer an ass um Enn an enger Wiiss gelant.

Leschten Update: 13.06.2019, 06:26:53

© Mobilreporter Klautjen

Zu engem Accident koum et e Mëttwoch den Owend tëscht Miersch a Biissen. Kuerz no 20h00 hat ee Chauffer an der Route de Miersch d’Kontroll iwwert säi Won verluer an ass an enger Wiiss un d’Stoe komm. De Chauffer gouf vun de First Responder a vun de Pompjeeë vu Biissen aus dem Auto befreit, an Zesummenaarbecht mat der Ambulanz vun Ettelbréck. Op der Plaz war och Police.