NewsSchreddere vu männleche Jippelcher bleift erlaabt

D'Bundesverwaltungsgeriicht huet d'Praktik fir Däitschland confirméiert, dat awer nëmme virleefeg. Wirtschaftlech Interesse gëllen deemno net méi.

Leschten Update: 13.06.2019, 12:00:47

© Jan Woitas / dpa / AFP

D'Bundesverwaltungsgeriicht an Däitschland huet haut virleefeg d'Praktik männlech Jippelcher an der Gefligelproduktioun a Massen ëmzebréngen den Donneschdeg confirméiert.

Deemno dierfe Betriber dëst weider maache bis alternativ Méiglechkeeten agefouert ginn fir d'Geschlecht vum Déier schonn am Ee ze bestëmmen. Dem Geriicht zu Leipzig no sinn déi wirtschaftlech Interesse vun de Betriber eleng kee Grond am Sënn vum Déiereschutzgesetz.

Ma d'Geriicht huet keng Méiglechkeet gesinn d'Praktik direkt ze verbidden, well eng direkt Ëmstellung net verlaangt kéint ginn.