NewsAttack op 2 Pëtrolstanker am Golf vum Oman

No enger presuméierter Attack den Donneschdeg de Muere soll en norwegesche Pëtrolstanker am Golf vum Oman a Brand geroden an dunn ënnergaange sinn.

Leschten Update: 13.06.2019, 14:12:48

© GoogleMaps

No enger presuméierter Attack op zwee Pëtrolstanker am Golf vum Oman ass Informatioune vun der iranescher Noriichtenagence Irna no den norwegeschen Tanker „Front Altair“ ënnergaangen. Deemno soll d'Schëff no 3 Explosiounen a Brand geroden an dunn ënnergaange sinn.

Déi norwegesch Reederei „Frontline“, där d'Schëff gehéiert, huet dëst awer dementéiert. Deemno wieren all d'Besatzungsmemberen evakuéiert ginn.

Eng däitsch Reederei, zu där dat anert Schëff, dat ënnert dem Fändel vu Panama fiert, gehéiert, huet d'Attacke confirméiert. D'Besetzung wier evakuéiert ginn, d'Schëff géif awer net riskéieren ënnerzegoen.