NewsAlkoholiséierte Chauffer schléift hannert Steier um Belval

De Chauffer war de Mëttwoch enger Policepatrull opgefall, well hien um Belval mat laafendem Motor hannert dem Steier geschlof huet.

Leschten Update: 13.06.2019, 12:54:08

© Eldo

Um Boulevard Charles de Gaulle um Belval war gëschter géint 12.30 Auer enger Policepatrull e Chauffer opgefall, deen a Richtung Esch Zentrum stoung a mat lafendem Motor hannert dem Steier geschlof huet.

Well hien den Androck gemaach huet, dass en ze vill gedronk hat, gouf en Alkoholtest gemaach. Dee war dann och positiv, dofir gouf de Führerschäin agezunn, de Chauffer krut e provisorescht Fuerverbuet an de Won gouf immobiliséiert.