NewsÉischt Infektiounen mam Chikungunya-Virus a Spuenien

A Spuenien sinn eng éischte Kéier Fäll vun enger Infektioun mam Chikungunya-Virus opgedaucht.

Leschten Update: 15.06.2019, 19:41:35

© Apu Gomes / AFP

A Spuenien sinn éischt Fäll vun enger Infektioun mam Chikungunya-Virus registréiert ginn,  De Virus gëtt vrun allem vun der egyptescher a vun der asiatescher Tigerméck iwwerdroen

Dem Europäeschen Zenter fir d‘Preventioun an d‘Kontroll vu Krankheeten no ass de Virus vrun allem an afrikaneschen an asiatesche Länner verbreet. 

Zanter e puer Joer trëtt an awer och an Europa op. D’Symptomer bei enger Infektioun änelen deene vun enger Gripp. Di meescht Infizéiert ginn nees komplett gesond. Eng Therapie oder een Impfstoff gëtt et net.