NewsAlkoholskontrollen: 13 mol hate Chaufferen ze vill gedronk

Bei Alkoholskontrollen zu Kapellen, Ettelbréck, op der Houschter-Déckt an zu Dikrech goufen et Alkoholskontrollen. Bal 600 Chauffere goufe kontrolléiert.

Leschten Update: 16.06.2019, 15:39:00

© eldo archiv

An der Nuecht op e Samschdeg huet d'Police zu Kapellen, Ettelbréck, op der Houschter-Déckt an zu Dikrech Alkoholkontrolle gemaach.

Am ganzen hu ronn 595 Automobiliste misse blosen. An 13 Fäll war den Test positiv, et huet awer kee säi Permis missen ofginn.