NewsDeal géint de Plastik fonnt ginn

G20-Staaten gi géint Plastik am Mier vir.

Leschten Update: 16.06.2019, 15:37:34

© KAZUHIRO NOGI / AFP

Am Kader vun engem Treffe vun Ëmweltministeren aus de G20-Staaten gouf e Sonndeg en Ofkommes getraff fir den internationale Problem vum Plastik-Offall unzegoen. Japan soll de Kader fir d’Ëmsetze vu neien Anti-Plastik Gesetzer opgestallt hunn. Vu nächstem Abrëll un zum Beispill ginn do gratis Plastikstuten an de Butteker verbueden, wéi dat a ville Länner schonn de Fall ass.