NewsNidderkuer: Chauffer rennt a geparkten Auto

No sëllechen Accidenter tëscht Samschdes Owes a Sonndes Moies goufen 3 Persounen op de Stroossen blesséiert.

Leschten Update: 16.06.2019, 15:34:37

© Eldoradio

Samschdes Owes koum et zu engem Motorradsaccident zu Biissen, de Motocyclist gouf blesséiert. Op der Areler Autobunn sinn an der Nuecht op e Sonndeg zwee Autoe kollidéiert, woubäi een Automobilist blesséiert gouf an zu Nidderkuer gouf e Chauffeur verwonnt nodeems dësen an e stationéierte Won gerannt ass, dat um 01:20 Moies.