NewsRéckruff-Aktioun vun Opel?

Bis zu 210.000 Opel Autoe solle wéinst ze héijen Ofgaswäerter zeréckgeruff ginn.

Leschten Update: 16.06.2019, 15:36:41

© Pixabay

Bei bestëmmte Bensinner vun Opel goufen d’Grenzwäerter vu Stéckoxide wuel wäit iwwerschratt. Betraff sollen den Opel Corsa an Adam sinn, aus dem Baujoer 2018/19. Europawäit wieren an dem Fall gutt 210.000 Autoe concernéiert. De Réckruff ass der Noriichtenagence AFP no an Däitschland gestart ginn, gouf awer bis ewell nach net vum zoustännege Verkéiersministère confirméiert.