News2 Doudesaffer no Onwiederen an der Schwäiz

No schwéieren Onwiederen a Frankräich an och an der Schwäiz, sinn zwou Touristinnen ëm d'Liewe komm.

Leschten Update: 16.06.2019, 15:43:04

© FABRICE COFFRINI / AFP

Bei engem schroen Onwieder am Oste vu Frankräich ass eng Fra bei engem Bootsongléck ëm d'Liewe komm.

Net wäit vum Genfer Séi ewech ass ausserdeem eng 51 Joer al Fra déidlech blesséiert ginn, nodeems e Bam op hier Roulotte gefall ass. 

An der franséischer Regioun Auvergne-Rhône-Alpes huet dat stiermescht Wieder Iwwerschwemmungen a fauschtgrousse Knëppelsteng mat sech bruecht, esou franséisch Medien.