NewsKläpperei mat bis zu 20 Persounen zu Fréiseng

Zu Fréiseng koum et um Samschdegowend zu enger gréisserer Kläpperei, dat mellt d'Police. Bis zu 20 Persoune wieren dora verwéckelt gewiescht.

Leschten Update: 16.06.2019, 16:05:03

© Eldoradio

Zeien no solle bis zu 20 Persounen an eng gréisser Kläpperei e Samschdeg den Owend zu Fréiseng an der Beetebuerger Strooss involvéiert gewiescht sinn. Wéi d'Police op d'Plaz koum, hat sech d'Situatioun nees berouegt. Zwou Persounen déi probéiert hunn d'Situatioun op der Plaz ze entschäerfe sollen liicht blesséiert gi sinn an goufen nach op der Plaz vun de Rettungsdéngschter versuergt.

An der Stad koum et an der Nuecht op e Sonndeg an der Avenue Pasteur zu engem Abroch an engem Restaurant. En Onbekannten huet eng kleng Zomm u Sue geklaut.

Dann ass an der Nuecht géint 1.00 Auer tëscht Räichel an Iewerleng e Chauffer opgefall deen ze vill gedronk hat. De Permis gouf agezunn. Och zu Esch an der Rue Berwart war géint 2 Auer e staark alkoholiséierten Automobilist trotz Fuerverbuet ënnerwee. E Protokoll gouf erstallt.  Zu Diddeleng an der Rue des Champs huet och en alkoholiséierte Chauffer géint 4.45 säi Führerschäi missen ofginn.