NewsZwee Motocyclisten um Sonndeg Mëtteg gefall

De CGDIS mellt zwee Motocyclisten déi e Sonndeg de Mëtteg gefall sinn. Een dovunner gouf blesséiert. Déi respektiv Rettungsdéngschter waren op der Plaz.

Leschten Update: 23.06.2019, 17:20:05

© Eldoradio

Wéi de CGDIS matdeelt sinn e Sonndeg de Mëtteg zwee Motocycliste gefall. Deen éischten ass géint 15.08 Auer um CR162 tëscht Fëlschdref an Elleng gefall a gouf blesséiert. D’Ambulanz vu Réimech an d’Pompjeeë vun Duelem waren am Asaz.

Dann ass deen zweete Motocyclist géint 16.07 Auer um CR356 tëscht dem Mëllerdall an de Konsdrëffer Mille gefall. Dëse gouf net blesséiert. D’Rettungsdéngschter vun der Fiels a vu Konsdref waren op der Plaz.