NewsIndien: 7 Alpinisten dout opfonnt

Wéi déi indesch Autoritéiten e Sonndeg confirméiert hunn, goufe 7 Alpinisten um Nanda Devi Bierg an Indien dout opfonnt. D'Sich no enger 8. Persoun leeft.

Leschten Update: 23.06.2019, 17:57:20

© Screenshot Google Maps

Wéi et vun der indescher Police heescht si 7 Alpinisten um Nanda Devi Bierg dout opfonnt ginn. Dëse Bierg ass deen zweet héchste vun Indien. E Grupp vun 8 Alpinisten dorënner 4 Briten, 2 Amerikaner, een Inder an een Australier, goufe schonn zënter engem Mount vermësst. D’Sich no der 8. Persoun geet deemno weider. D’Identitéit vun den Doudege gouf nach net präziséiert.