NewsPrag: 250 000 Mënschen demonstréiere géint Regierungschef

Den Organisateuren a lokale Medien no sollen e Sonndeg ronn 250 000 Demonstrante zu Prag géint de Regierungschef Babis op d'Strooss gaange sinn.

Leschten Update: 23.06.2019, 18:25:20

© MICHAL CIZEK / AFP

An der tschechescher Haaptstad Prag koum et e Sonndeg zu engem gréissere Protest géint de Regierungschef Andrej Babis. Him gëtt virgehäit seng Tätegkeeten als Politiker an als Geschäftsmann net ausernee gehalen ze hunn. Hie soll och illegal EU-Subventioune kritt hunn. Den Organisateuren a lokale Medien no si ronn 250 000 Demonstranten op d’Strooss gaangen. Domat wier et déi gréissten Demonstratioun zënter 1989, also dem Enn vum Kommunismus, esou d’Noriichtenagence AFP.