NewsBelschen Atomreakter Tihange 2 geet nees un d'Netz

Den ëmstriddene belschen Atomreakter Tihange 2 soll no bal 1 Joer Reparatur-Aarbechten e Méindeg den Owend nees ugeschalt ginn.

Leschten Update: 24.06.2019, 05:43:25

© ERIC LALMAND / BELGA / AFP

An der Belsch geet den ëmstriddenen Atomreakter Tihange 2 um Méindeg nees un d’Netz. Wéi de Bedreiwer „Engie“ matgedeelt huet, soll de Betrib um 23h00 nees opgeholl ginn. De Reakter gouf am August 2018 u sech wéinst Maintenance-Aarbechte vum Netz geholl. Bei den Aarbechte goufen dunn awer marode Bëtong a Rëss am Drockbehälter entdeckt. Dowéinst ware Reparatur-Aarbechten noutwenneg ginn.