NewsVerstäerkte Kontrolle géint Oflenkung um Steier

Vum 24. bis den 30. Juni mat mécht d'Police verstäerkt Kontrollen op eise Stroossen, dat am Kader vun der Campagne géint d'Oflenkung um Steier.

Leschten Update: 24.06.2019, 16:37:29

© Pexels

Während dëser Campagne sicht d'Police geziilt no deenen, déi hir Fanger och beim Fueren net vun hirem Handy kënne loossen. D'Oflenkung um Steier ass nämlech ee vun de Facteuren, deen d'Capacitéiten hannert dem Steier ëmmer méi dacks negativ beaflosst.

Et ass do grad de Gebrauch vum Smartphone, deen der Police ëmmer méi Suerge mécht a scho laang ass et net nëmme méi d'Telefonéieren, ma d'Liesen a Schreiwe vu Messagen, de Gebrauch vun Appen oder d'Opruffe vun Internetsitten, déi d'Opmierksamkeet vun de Chaufferen nach méi an Usproch huelen. An domat geet d'Gefor op der Strooss däitlech erop.
Esou verdräifacht sech de Risiko fir en Accident wann een telefonéiert, schreift oder liest een awer e Message während dem Fueren dann ass de Risiko ganzer 23 mol esou héich.

Schliisslech sinn déi gutt al Handye mat deenen een nach ouni ze kucke konnt schreiwe scho laang net méi am Asaz an esou sinn der Police no d'Aen fir ronn 5 Sekonnen net op der Strooss, wann een Noriichte während dem Fuere schreift. Bedenkt een dann, dass schonn zwou Sekonne bei 130 Stonnekilometer, déi een op den Handy kuckt e komplette Bremswee vun 150 Meter bedeiten, da kënne 5 Sekonne fir e Message ze schreiwen enorm vill ausmaachen.

Esou ass all 10. Accident op de Gebrauch vum Handy hannert dem Steier zeréckzeféieren. Do ass et egal, ob een nach esou e gudde Chauffer ass, de Smartphone lenkt eis an allen Hisiichten of, sief et wat d'Gehéier, d'Vue, eis Beweegungen oder eis Gedanken ugeet.

An nieft der Gefor muss een eben och net nëmme während der Campagne fäerten, dass ee Message mol ganz gäre richteg deier ka ginn. 145 Euro an 2 Punkte riskéiert een nämlech, wann een sech mam Smartphone hannert dem Steier erwësche léisst.

Links