NewsHëtztfräi fir verschidde Schoulen a Lycéeën e Mëttwoch

Wéinst der Hëtzt, déi fir de Mëttwoch gemellt ass, wäerten d'Coursen a verschiddene Gemenge mëttes ausfalen. Hei fannt dir d'Aktualiséierungen.

Leschten Update: 25.06.2019, 18:46:08

© Pixabay

Wéi et vun der Gemeng Mäertert heescht, wäerten d'Coursen an der Gemeng fir d'Zyklen 1 bis 4 de Mëttwoch de Mëtteg ausfalen, dat wéinst de Wiederkonditiounen.

Den Accueil géif awer weider vum Léierpersonal garantéiert ginn an och de Schoultransport tëscht Mäertert a Waasserbëlleg an d'Maison Relais wäert normal funktionéieren.

Sollten d'Kanner net an d'Maison Relais kommen, da sollt een déi ofmellen.

Och d'Gemengen Iechternach, Biwer, Gréiwemaacher, Koplescht-Briddel a Rëmeleng hu fir e Mëttwochmëtte schoulfräi ginn.

Wéi et vun der Stad heescht, wäerten d'Coursen de Mëttwoch fir d'Schüler vun den Zyklen 1 bis 4 fakultativ sinn. Dat ebe wéinst den héijen Temperaturen, déi sech erwaart ginn. Den Accueil ass awer wéi och an deenen anere Gemengen an deenen d'Coursen deelweis ausfalen assuréiert, dat zu deene gewinnten Zäiten. Dat selwecht gëllt och fir de Schoultransport. Och d'Schoulfoyeren an d'Crèche vun der Stad sinn zu deene gewinnten Zäiten op.

An der Gemeng Wal fält de Cours fir d'Zyklen 1 bis 4 de Mëttwoch de Mëtteg aus. Den Accueil gëtt och hei vum Léierpersonsal garantéiert. D'Maison Relais an de Schoultransport funktionéiere wéi gewinnt. Wann d'Kanner net an d'Maison Relais ginn, sollten d'Elteren drun denken hir Kanner ofzemellen.

De Lycée technique de Bonnevoie deelt da mat, dass all d'Schüler de Mëttwoch, den Donneschdeg an de Freideg vun 11.35 Auer fräi sinn. Dat gëllt net fir edukativ Visitten, Reesen oder Ofschlossexamen. En Accueil ass och hei garantéiert. Souwäit ewéi méiglech ginn d'Prüfungen, déi ausfalen zu engem spéideren Zäitpunkt nogeholl.

Och d'Beeforter Gemeng huet sech dofir decidéiert, datt d'Schüler e Mëttwochmëtten net mussen an d'Schoul goen. D'Eltere ginn informéiert an en Accueil wäert mëttes garantéiert ginn.

Och de Lycée LTMA gëtt hire Schüler op de Sitte Rolleng an Déifferdeng mëttes schoulfräi.

D'Direktioun vum Lycée Robert Schuman huet iwwerdeems matgedeelt, datt si de Schüler e Mëttwoch- wéi och en Donneschdegmëtte fräi ginn.

Hei all d'Communiquéen:

Important - Canicule 2019

Suite aux températures élevées annoncées pour mercredi 26 juin et jeudi 27 juin, la Direction du Lycée Robert-Schuman a décidé de libérer exceptionnellement les élèves à 11h25 ces deux jours.

Si votre enfant ne peut pas rentrer, une permanence est assurée au lycée jusqu’à 16h00.

La direction se réserve de prendre une décision spontanée le jeudi en ce qui concerne vendredi 28 juin.

 

Dispense des élèves  de la fréquentation des classes de l'école fondamentale Beaufort mercredi après-midi

Suite aux fortes chaleurs annoncées pour les prochains jours au Luxembourg, le collège des bourgmestre et échevins de la commune de Beaufort vous informe qu’ils ont pris la décision de dispenser les élèves de la fréquentation des cours le mercredi après-midi.

Les parents seront avertis préalablement et un service d’accueil est garanti.      

Service Enseignement

Cours facultatifs pour les cycles 1 – 4 le mercredi 26 juin 2019 en raison des fortes chaleurs

 

La Ville de Luxembourg tient à informer le public qu’en raison des températures particulièrement élevées annoncées pour ce mercredi 26 juin 2019, la présence aux cours pour les enfants des cycles 1 à 4 des écoles fondamentales de la Ville de Luxembourg sera facultative.

Un service d’accueil sera assuré dans les écoles par le personnel enseignant selon les horaires habituels et le transport scolaire fonctionnera normalement le 26 juin 2019.

Les foyers scolaires ainsi que les crèches de la Ville de Luxembourg resteront ouverts le mercredi 26 juin 2019 selon leurs horaires habituels.

Information communiquée par l’Administration communale.




© rumelange.lu




De Schäfferot vun der Gemeng Wal deelt mat, dass wéinst de
Wiederprevisiounen den Unterrecht an der Waler Grondschoul fir d’Zyklen 1-4
de Mëttwoch de Mëtten, de 26. Juni 2019 ausfält.
Wärend där Period funktionéiert en Accueil dee vum Léierpersonal garantéiert
gëtt. D’Maison Relais funktionéiert zu den normalen Zäiten. De Schoultransport
funktionéiert och weider normal. Am Fall wou d’Kanner net an d’Maison Relais
ginn, sollen d’Elteren drun denken se ofzemellen.
De Schäfferot
Christiane THOMMES-BACH, Patrick ANTONY, Sylvère WELTER

© Screenshot http://www.kopstal.lu/blog/2019/06/24/canicule-sans-classe-mercredi-prochain/