NewsEurofighter-Ongléck: Blackboxe goufe fonnt

E Méindeg ass et zu engem Accident mat zwee Düsejeeër komm. Béid Maschinne wieren an der Loft matenee kollidéiert, ee Pilot huet net iwwerlieft.

Leschten Update: 25.06.2019, 17:07:55

© TOBIAS SCHWARZ / AFP

Nom Eurofighter-Ongléck e Méindeg a Mecklenburg-Vorpommern sinn d'Blackboxe vu béiden Düsejeeër en Dënschdeg fonnt ginn. Dat huet déi däitsch Loftwaff op Twitter matgedeelt. Béid Geräter mussen elo nach gebuerge ginn.

Zwee Eurofighter vun der däitscher Bundeswehr sinn e Méindeg a Mecklenburg-Vorpommern erofgefall, dat huet den däitschen Inneministère confirméiert.
Wéi de Radiosender "Ostseewelle" mellt, hätten sech déi 2 Düsejeeër kuerz virun zwou Auer an der Loft beréiert. Duerno sollen se a Flamen opgaangen an erofgefall sinn.

Den zweete Pilot huet d'Kollisioun net iwwerlieft hunn. Dat huet déi däitsch Loftwaff op Twitter confirméiert. D'Police op der Plaz hat am Virfeld matgedeelt, datt ee Läichendeeler entdeckt hätt. Ee Pilot konnt sech mat Hëllef vu sengem Schleidersëtz retten a gouf lieweg an der Kroun vun engem Bam fonnt.

D'Accident war beim Drewitzer See, am Nordoste vun Däitschland a soll e Feier am Bësch niewendrun ausgeléist hunn.