News10 Autoen zu Rolleng beschiedegt

An der Rue de Luxembourg goufen an der Nuecht vun de Méindeg op en Dënschdeg 10 Autoe beschiedegt. Dofir sicht d'Police no Zeien.

Leschten Update: 25.06.2019, 11:15:14

© Eldo

Am Laf vun der Nuecht vun de Méindeg op en Dënschdeg tëscht 2.00 an 3.00 Auer goufen zu Rolleng an der Rue de Luxembourg zesummen 10 Autoe beschiedegt. Deemno gouf bei de Gefierer déi viischt Fënster ageschloen oder beschiedegt.

D'Police sicht an deem Sënn no Zeien, déi eventuell eppes Verdächteges gesinn hunn. All Informatioune si fir de Policebüro vun Déifferdeng ënnert dem Tel.: (+352) 244 53 1000.