NewsWuelbefanne vun Déiere wärend Hëtzt assuréieren

Nieft dem Wuel vun de Mënsche muss och d'Wuelbefanne vun den Déiere wärend den extrem héijen Temperaturen dës Woch garantéiert ginn.

Leschten Update: 25.06.2019, 17:47:01

© Pexels

Wéinst den erhéichten Temperaturen ass et de Rappell un d'Besëtzer vun Déieren eng Partie Reegelen anzehalen, fir d'Wuel vum Déier ze assuréieren, esou de Landwirtschaftsministère an engem Communiqué en Dënschdeg.

Deemno soll een den Déiere genuch Waasser zur Verfügung stellen an se op kee Fall am Auto zeréckloossen.

Donieft dierfe si wärend de waarme Stonnen am Dag net gezwonge ginn, sech kierperlech unzestrengen. D'Déieren, déi am Fräie gehale ginn, mussen iwwerdeems virun der praller Sonn geschützt ginn.

Hei de Communiqué:

Alerte canicule: Obligations pour les détenteurs d’animaux dans l’intérêt du bien-être animal (25.06.2019)
Communiqué par: ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural

Suite aux températures très élevées (>30 oC) annoncées pour les prochains jours, les détenteurs d’animaux domestiques, de rente et d’élevage sont tenus de respecter certaines règles afin de garantir le bien-être animal :

- les animaux doivent avoir à leur disposition de l’eau en quantité et qualité suffisante ;

- les animaux ne doivent pas être abandonnés dans des véhicules en stationnement exposés au soleil ;

- les animaux ne peuvent être contraints à des exercices physiques excessifs durant les heures chaudes de la journée ;

- les animaux tenus à l’extérieur doivent disposer d’un abri naturel ou artificiel afin de pouvoir se protéger du soleil