UN-RapportKokain-Produktioun erreecht historesche Rekordwäert

2017 gouf weltwäit 25 Prozent méi Kokain produzéiert wéi 2016. Een historesche Rekordwäert, esou d'Vereenten Natiounen.

Leschten Update: 26.06.2019, 10:25:45

© LAKRUWAN WANNIARACHCHI / AFP

Weltwäit hunn 2017 iwwer 270 Millioune Mënschen Droge consomméiert. Ronn 35 Millioune waren deemools drogenofhängeg oder ware wéinst hirem Drogekonsum a Behandlung. Dat geet aus dem neisten Drogerapport vun de Vereenten Natiounen ervir, deen um Mëttwoch publizéiert gouf. 2017 si weltwäit ronn 585.000 Mënsche wéinst hirem Drogekonsum, an de Krankheeten déi domat zesummenhänken, gestuerwen.

Cannabis gëtt am meeschte consomméiert

Cannabis bleift weiderhin déi Drog, déi am meeschte consomméiert gëtt. 188 Millioune Mënschen hunn 2017 uginn, op d'mannst eemol Cannabis consomméiert ze hunn. Wärend d’Zuel vun de Konsumenten zënter engem Joerzéngt relativ stabel lass, gëtt manner Cannabis confisquéiert wéi fréier.

Heroin an Opium ëmmer méi beléift

Ronn 53 Millioune Mënschen, an domat 56 Prozent méi wéi nach 2016, hunn 2017 Opioide wéi Heroin oder Opium geholl. Dës Droge ginn net nëmmen ëmmer méi beléift, mee sinn och fir zwee Drëttel vun de ronn 585.000 Drogendoudegen am Joer 2017 responsabel. Ronn een Drëttel vun de weltwäiten Opioide goufen a Südasien consomméiert.

Fir Fentanyl gëtt et och an Europa ee klengen, mee konstant wuessende Marché. Gouf a West- an Zentraleuropa 2013 just 1 Kilogramm Fentanyl confisquéiert, sou waren et 2016 well 5, an 2017 17 Kilogramm.

2.000 Tonne Kokain produzéiert ginn

Sou héich wéi nach ni ass och d’Kokain-Produktioun. 2017 goufe ronn 2.000 Tonnen hiergestallt an domat ëm ee Véierel méi wéi dat Joer virdrun. Virun allem a Kolumbien, dem Haaptproduzent fir Kokain, gëtt verstäerkt produzéiert. Och d’Quantitéit vum confisquéiertem Kokain huet 2017 een historeschen Héchstwäert erreecht. Weltwäit goufen 2017 ronn 1.300 Tonne Kokain ofgefaangen. Weltwäit consomméieren dem Rapport no méi wéi 18 Millioune Mënschen dës Drog.

Ee klenge Succès gëtt et bei de sou genannten "Designer-Drogen". D'Zuel vun den neie Substanze wier zeréckgaangen a generell géifen nei psychoaktiv Substanzen eng manner grouss Roll wéi soss spillen.



Links