NewsLäich vun eelerer Fra zu Veianen fonnt ginn

Zu Veianen gouf en Dënschdeg de Mueren an der Géigend vun der Our d'Läich vun enger eelerer Fra fonnt.

Leschten Update: 26.06.2019, 17:26:35

© Eldoradio

Zu Veianen gouf d’Läich vun enger eelerer Fra fonnt. Wéi d’Police e Mëttwoch de Muere matdeelt, wier d’Läich well en Dënschdeg de Mueren an der Géigend vun der Our fonnt ginn. Wéi d’Lëtzebuerger Wort schreift, wier an der Géigend ee beschiedegten Auto fonnt ginn. Dat huet d’Police eis op Nofro hi confirméiert. Fir d’Doudesursaach erauszefannen, huet de Parquet eng Autopsie ordonnéiert.