NewsStad: Chauffer hat keng Kontroll méi iwwer säi Won

An der Nuecht vun den Dënschdeg op e Mëttwoch haten d'Polizisten an der Stad e Chauffer erwëscht, dee wuel net mat sengem Auto ëmgoe konnt.

Leschten Update: 26.06.2019, 13:37:15

© Eldo

Géint 3.30 Auer an der Nuecht vun den Dënschdeg op e Mëttwoch war enger Policepatrull an der Rue de Notre-Dame an der Stad e Chauffer opgefall, dee siichtbar Problemer mat sengem Won hat an net domat ëmgoe konnt.

De Won ass e puermol e puer Meter no vir geschoss, ouni, dass de Chauffer d'Poliziste bemierkt huet. Um Enn konnt de Mann gestoppt ginn an en huet och direkt zouginn, dass hie kee Führerschäin huet an ze vill Alkohol gedronk hat.

D'Kontroll huet dëst dann och confirméiert an dofir gouf eng Plainte gemaach.