NewsVerdächtegen a Münchener Vergewaltegungsfall festgeholl

D'Police vu München huet ee Verdächtege festgeholl, deen en Dënschdeg matzen am Dag en 11 Joer aalt Meedche vergewaltegt soll hunn.

Leschten Update: 27.06.2019, 17:59:56

© Pixabay

Nodeems en 11-järegt Meedchen zu München vun engem Mann, dee mat enger Wollefsmask verkleet, vergewaltegt gouf, konnt elo ee Verdächtege festgeholl ginn.

Wéi d'Police an de Parquet matgedeelt hunn, ass den 43-järegen Däitsche wéinst sexuellem Kannermëssbrauch e puer Mol virbestrooft a war och länger Zäit an der Psychiatrie. D'Ermëttler sinn duerch en Treffer an der DNA-Datebank op d'Spur vum Mann komm.

Donieft ass op enger Videoiwwerwaachung ze gesinn, wéi hien dem Meedchen nogaangen ass. D'Meedche war en Dënschdeg, ënnerwee vun der Bunn heem, vum Verdächtegen an de Bësch gedréckt a sexuell mëssbraucht ginn. De Mann huet bis ewell näischt zu de Virwërf gesot.