Schueberfouer 20196 nei Attraktiounen, dorënner d'Alpina Bahn!

En Dënschdeg huet d’Stad op eng Pressekonferenz invitéiert an Detailer iwwer d’Schueberfouer 2019 ginn. Déi ass vum 23. August bis den 11. September.

Leschten Update: 03.07.2019, 17:27:09

© Eldoradio

Dëst Joer ginn et 6 nei Spiller: Crazy Clown, dat ass ee Spill fir Kanner.

Fir déi méi couragéis gëtt et den Techno Power, den Intoxx an den Transformer.

Ee weidert Familljespill ass den Aeronaut, dat ganz nei ass.



Den absoluten Highlight ass d'Alpina Bahn, déi gréissten transportabel Familljen-Achterbunn op der Welt. Déi stoung soss z.B. um Münchner Oktoberfest, dëst Joer dann net well se zu Lëtzebuerg ass.

Dëst Joer sinn am ganzen 250 Fouerbudden a -spiller geplangt, 13 Restauranten a 16 Confiserien. 



Wéi et weider heesch, gëtt et dëst Joer eng nei Affiche fir d’Schueberfouer déi d'Nadia Recken gemaach huet. 2017 gouf et jo ee Concours fir Affichen. Do ware vill flott Projeten erakomm an dat war een dovunner, esou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. D’Nächst Joer gëtt et awer wuel een neie Concours.



D’Aarbechte fir d’Fouer opzeriichte fänken de 15. Juli un, den 28. Juli gëtt dann een éischten Deel vum Glacis zougemaach. Vum 8. August un ass de Glacis da ganz gespaart.

Weider Neiheete op der Fouer wäert d’Stad am August matdeelen.



Lauschtert hei d'Reportage am Audio: