NewsOppe Schwämm zu Veianen bis op Weideres zou

Wéi d'Gemengenadministratioun matdeelt wäert d'oppe Schwämm zu Veianen vum 5. Juli un zou sinn. An de leschten Deeg goufen et hei 2 Accidenter.

Leschten Update: 05.07.2019, 12:58:46

© eldo

Di oppe Schwämm zu Veianen bleift bis op Weideres fir de Publik zou. RTL-Informatiounen no wieren et 2 Tëschefäll ginn. Sou soll e Samschdeg virun 8 Deeg ee klenge Bouf vu 6 Joer hei bal erdronk sinn. Hien huet misse reaniméiert ginn.

En Donneschdeg koum et dann zu engem weidere méi kléngen Tëschefall. D’ITM hätt doropshi recommandéiert d’Piscine bis op Weideres zouzeloossen. Ënnert anerem bräicht een e Schwammmeeschter, deen e Plang fir d’Sécherheet vun de Visiteuren ausschaffe géif.