NewsCameron Boyce ass dout

Wéi ABC News matgedeelt huet, ass den Disney-Schauspiller an der Nuecht op e Sonndeg gestuerwen.

Leschten Update: 08.07.2019, 00:18:04

© AFP - Frazer Harrison

De Cameron Boyce ass an der Nuecht op e Sonndeg am Schlof un de Suitte vun enger chronescher Krankheet gestuerwen. 

Bekannt gouf hien ënnert anerem duerch seng Roll als Luke Ross an der Serie "Jessie".
Weider hat hien och Optrëtter an den Descendants-Filmer, souwéi nieft dem Adam Sandler an de Filmer "Kindsköpfe" 1 an 2. Säin éischten Duerchbroch hat hien am Film "Mirrors" am Alter vu 9 Joer. 

De Cameron Boyce war 20 Joer al.