NewsRegierung bereet neit Dateschutzgesetz auszeschaffen

Et war ee sech an der Chamber den Dënschdeg net iwwer d'Prozeduren eens ginn, dowéinst haten d'Deputéiert vun den Oppositiounsparteien d'Chamber verlooss.

Leschten Update: 11.07.2019, 17:06:21

© Screenshot chd.lu

Nom Eclat en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber, hunn e Mëttwoch de Mëtteg déi eenzel Ministeren eng Partie Explikatiounen zum Dossier Datebanken bei Police a Justiz ginn. De Policeminister François Bausch huet annoncéiert, datt d'Regierung bereet wier, en neit Dateschutzgesetz auszeschaffen an dat an aller Transparenz.

De Justizminister Felix Braz sot, datt ee bereet wier op all Fro ze äntweren. Hien huet proposéiert, zesummen u Verbesserungen ze schaffen, dëst géif awer vill Zäit an Usproch huelen an deem misst ee sech bewosst sinn.



De Gilles Roth vun der CSV sot, datt ee sech en Dënschdeg un d'Chambersreglement gehalen hätt. Dësem Reglement no war et legitim, eng Modifikatioun um Ordre du jour unzefroen.

Wat war geschitt?

No engem Sträit iwwer den Ordre du jour an der Chamber, hunn d'Oppositiounsparteien en Dënschdeg de Mëtteg d'ëffentlech Sëtzung verlooss. D'CSV wollt d'Affär ëm d'Datebanke bei Police a Justiz nach eemol opgräifen.

Deemno sollt de Premier Xavier Bettel am Numm vun der ganzer Regierung nach virum Summer eng Deklaratioun an der Chamber ofginn. De Chamberspresident Fernand Etgen huet d'Sëtzung ënnerbrach an d'Prozedure goufen nogekuckt.

Mat enger Majoritéit gouf den Orde du jour, wéi en ufanks festgesat ginn ass, ugeholl. D'Seance ass kuerz drop ouni d'Deputéiert vun den Oppositiounsparteien erëm weider gaangen. D'Orientéierungsdebatt iwwert d'Nohaltegkeet kann och ouni déi rechtlech Parteie weidergefouert ginn, ma well esou awer Stëmme feelen, dierfe keng Decisioune geholl ginn.



An engem gemeinsame Schreiwes vun de Fraktiounen DP, LSAP an déi Gréng gëtt vun enger "inzenéierter Empörung aplaz Mataarbecht am Sënn vum Fortschrëtt" geschwat. De Punkt ëm d'Datebanke bei Police a Justiz hätt solle kuerzfristeg op den Orde du jour gesat ginn, dat ouni pertinente Grond, esou d'Fraktiounen am Communiqué.

Weider wier d'Verloosse vum Sëtzungssall en neien Déifpunkt vun der politescher Kultur am Lëtzebuerger Parlament. Dës Ausso bezitt sech op d'Orientéierungsdebatt iwwert den nationale Plang vun der nohalteger Entwécklung.

Hei d'Schreiwes vun de Fraktiounen:

PRESSEMATDEELUNG

9. Juli 2019

Inzenéiert Empörung amplaz Mataarbecht am Sënn vum Fortschrëtt

Am Ufank vun der ëffentlecher Sitzung huet d’CSV de Mëtteg eng Ännerung vum Ordre du jour verlaangt. Kuerzfristeg wollt si e Punkt op den Ordre du jour setzen iwwert d'Datebanke vu Police a Parquet. Dëst ouni trëftege Grond an ouni neit Element zanter der leschter Conférence des présidents!

Als Rappell: Den Ordre du jour gëtt virun enger Sëtzungswoch vun der Conférence des présidents festgeluecht. Am Kader vun der Conférence des présidents huet d’CSV awer keng Demande gestallt, weder fir eng Aktualitéitsstonn nach fir soss eng Form vun Debatt.

D’Verloosse vum Sëtzungssall ass en neien Déifpunkt vun der politescher Kultur am Lëtzebuerger Parlament. Ëmmerhin diskutéiert d’Chamber haut ë.a. iwwert den nationale Plang vun der nohalteger Entwécklung zu Lëtzebuerg.

Dëst Verhale weist, datt et der CSV  an der ganzer Oppositioun  eenzeg an eleng em parteipolitescht Geplänkels geet amplaz ëm d’Saach. Si leescht der politescher Kultur vum Land domadder keen Déngscht. Ganz am Géigendeel.

D’Majoritéitsparteien, d’Chamber an och d’Regierung hunn den Dossier vun de Datebanke vun Ufank u ganz eescht geholl. Dat weist déi scho geleeschten Aarbecht an den zoustännege Kommissioune vun der Chamber, an deenen déi zoustänneg Ministere Ried an Äntwert stoungen a beméit waren zesumme mat der Chamber Solutiounen auszeschaffen. Och an Zukunft sinn déi zoustänneg Ministere prett zu all Moment an d'Chamber ze kommen.

D'Majoritéit ass ëm voll Transparenz beméit. Esou gouf de komplette Verbatim vun de Sëtzunge vun den zoustännege Chamberkommissiounen iwwert d’Datebanke publizéiert a fir all Bierger zougänglech gemaach. Et ass och proposéiert ginn, gemeinsam mat den Oppositiounsparteien eng Gesetzesvirschlag auszeschaffen, fir  den Ëmgang mat den Datebanke kloer ze reegelen. Dëst konform zu den Dateschutzgesetzer vun 2018.

Matgedeelt vun de Fraktiounen DP, LSAP a déi Gréng.

Lëtzebuerg, den 9. Juli 2019.