NewsRammstein-Concert: Sécherheet ass garantéiert

Rammstein si bekannt fir hir opwänneg a spektakulär Pyrotechnik-Showen. Zu Lëtzebuerg ass de Concert a fräier Natur an dat huet zu e puer Froe gefouert.

Leschten Update: 09.07.2019, 23:12:49

© AXEL HEIMKEN / DPA / AFP

Well de Concert zu Lëtzebuerg am Fräien ass, huet den Deputéierten Eugène Berger e puer Froen ëm d'Sécherheet vum Public an ëm de Respekt vun der Natur gestalt. Am Kader vu grousse Concerten an der Natur muss den Organisateur bestëmme Reegele vun der "bonne conduite" respektéieren.

Dat äntwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten. Hie schwätzt a senger parlamentarescher Fro e Concert um Herchesfeld zu Réiser un, ouni awer den Numm ze nennen. Hei handelt et sech wuel ëm déi däitsch Band Rammstein, déi den 20. Juli op där Plaz optrieden.

D'Natur ass e Beräich, dee respektéiert muss ginn, grad esou wéi d'Biodiversitéit. Dowéinst mussen sech d'Organisateure virun all Concert iwwert de jeeweilegen Terrain renseignéieren, d'Richtlinnen an enger "zone verte" anhalen an d'Sécherheetsmesuren erfëllen a garantéieren.

Ass dat net de Fall gëtt de jeeweilegen Terrain net accordéiert. An dësem Fall ass d'Autorisatioun vum Ministère selwer néideg. Wat d'Pyrotechnik an d'Freedefeier ugeet, do wier den Aarbechtsminister Dan Kersch responsabel, esou d'Ëmweltministesch weider.

LINK / Hei d'parlamentaresch Fro an d'Äntwert!