NewsJay-Z klëmmt an de Cannabis-Business eran

Nieft der Musek, wäert den Jay-Z an Zukunft och Sue mat legalem Cannabis maachen.

Leschten Update: 10.07.2019, 07:45:46

© KEVORK DJANSEZIAN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Den Jay-Z klëmmt elo an de Cannabis-Business eran. De Rapper iwwerhëlt een Job an enger US-Entreprise, déi legale Marihuana ubaut a verkeeft. Wéi et heescht, wëll hien ënner anerem fréier Prisonéier an d’Geschäft mat abanne fir dat déi, sou de Wee nees an d’Gesellschaft fannen. Den Jay-Z mécht scho laang net méi just Musek, mee ass ënner anerem och am Immobilie-Geschäft, huet ee Streaming-Déngscht an eng eege Schampes-Mark.