NewsDen Trump dierf kee méi op Twitter blockéieren

Den US-President dierf kee méi op Twitter blockéiert, dat ass d'Uerteel vun engem amerikaneschen Appell-Geriicht.

Leschten Update: 10.07.2019, 07:09:08

© NICHOLAS KAMM / AFP

Den US-President Trump dierf Kritiker op Twitter net méi blockéieren. Dat ass d‘Uerteel vum Appell-Geriicht zu New York. Säin Twitter-Account leeft als offizielle Presidenten-Account. Dowéinst kéint den Trump d’Bierger net einfach ausschléissen, seng Tweets ze liesen oder him Noriichten ze schécken. D’Riichterin huet betount, dass hien net einfach Leit ausschléisse kéint, nëmme well si anerer Meenung sinn. Domat géif hien net nëmme géint d’Informatiouns-, mee och géint d’Meenungsfräiheet verstoussen.